top of page
JUVAK 2021: Willkommen
web.png

OUSCHTEREN

12 - 18 Jahren
Déifferdeng -Suessem -  Dippech - Käerjeng

JUVAK.LU.png

Léif Jonker, léif Elteren,

d’Fréijoer steet virun der Dier, a mir freeën eis, iech  d’Ouschteraktivitéiten 2026 ze weisen.

Hei fannt dir villfälteg a spannend Aktivitéiten, déi d'Jugendhaiser a Kollaboratioun mat de Gemenge Déifferdeng, Suessem, Dippech a Käerjeng, fir déi Jonk wärend der

Ouschtervakanz ubidden.

Zesumme mat de Jonken huet eis Ekipp ee flotte Programm ausgeschafft. Ugebuede ginn ënner anerem: e kulturellen Openthalt zu Amsterdam, eng Visitt am Walibi, en Abléck an Fuid Art, an nach vill aner spannend Saachen.

Kommt gären an ärem Jugendhaus laanscht, fir iech den detailléierte Programm vun de Jugendaarbechter:innen erklären ze loossen.

Eiser Ekipp vu Jugendaarbechter:innen, an natierlech och de Jonken, gëllt e grousse Merci fir hiert Engagement an déi gutt Aarbecht, déi si an dëse Programm gestach hunn. Och eise Partnergemenge soe mir e grousse Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht op dësem Projet. Iech Jonke wënsche mir eng flott a spannend Zäit a virun allem ganz vill Spaass! Bis ganz geschwënn!

 

Am Numm vun der Jugendtreff Déifferdeng asbl an der Jugendtreff SABA asbl

Presidents.png

TEAMS

TeamsOuschteren_edited.png
bottom of page